Radioen

On air

Moiesstudio  |  Marion Zovilé-Braquet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg investéiert 320 Milliounen Euro an international Klimaschutzprojeten

An den nächste 5 Joer

Lëtzebuerg investéiert 320 Milliounen Euro an international Klimaschutzprojeten

Lëtzebuerg investéiert an den nächste fënnef Joer 320 Milliounen Euro an international Klimaschutzprojeten: Dës Zomm huet den Ëmweltminister Serge Wilmes um Dënschdegmoien an der Chamber widderholl. Do gouf an enger gemeinsamer Sitzung vun der Finanzkommissioun an der Ëmweltkommissioun iwwer de “Financement climatique international” diskutéiert.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Den Ëmweltminister Serge Wilmes. | © 	MECB play_arrow
Den Ëmweltminister Serge Wilmes. (Foto: MECB)

Ee Changement an dësem Beräich wier, datt d'Regierung déi budgetär Envelopp "considerabel" géif an d’Luucht setzen, erkläert de Serge Wilmes no der Sitzung.

"Dat hu mer jo scho viru Baku decidéiert gehat, virun der COP vum leschte Joer. Mir sinn amgaangen awer elo déi Strategie, déi jo och drun hänkt un der internationaler Klimafinanzéierung, op de Leescht ze huelen. Mee wat ganz wichteg fir dës Regierung ass, datt mer vill méi Synergien och sichen tëschent deenen dräi COPen."

Lauschterenplay_arrow

De Serge Wilmes erkläert, datt d'Investitiounen an Zukunft ëmmer erëm dräi Voleten zesumme behandele sollen. Nämlech de Klimawandel, d'Biodiversitéit an och de Landverbrauch. Dat wier eng vun de groussen Ännerungen, esou den Ëmweltminister Serge Wilmes am 100,7-Interview.

Wéi een Impakt haten déi bal 300 Milliounen Euro, déi Lëtzebuerg an de leschten zéng Joer an international Klimaschutzprojeten investéiert huet? Wat konkret zum Beispill an de Beräicher CO2-Reduktioun oder Biodiversitéit erreecht gouf, dat soll elo eng Evaluatioun weisen, esou de Franz Fayot no där Sitzung vun de Chamberkommissioune fir Finanzen an Ëmwelt. 

Strategie fir international Klimafinanzéierung gëtt iwwerschafft

Dem LSAP-Deputéierten a fréiere Kooperatiounsminister no, wier dës Bewäertung wichteg fir ze kucken, wouran an Zukunft soll investéiert ginn. 

D’Strategie fir déi international Klimafinanzéierung géif de Moment iwwerschafft ginn, esou de Serge Wilmes no der Sitzung um Dënschdeg vun den zoustännege Chamberkommissiounen zum Thema.

Den Ëmweltminister huet confirméiert, datt an den nächste fënnef Joer 320 Milliounen Euro an international Klimaschutzprojete solle fléissen. De Finanzminister Gilles Roth erkläert, datt dovu 60 Milliounen Euro fir 2025 virgesi sinn.

"Dat schreift sech an, an ee pluriannuelle Programm, wou den Ëmweltminister och op der leschter COP 29 ugekënnegt huet, datt mer bis 2030 ronn 320 Milliounen Euro wäerte mat direkte Mëttelen aus dem Lëtzebuerger Budget investéieren."

Franz Fayot: Onkloer ob déi 320 Milliounen Euro duerginn

Déi 320 Milliounen Euro wiere méi héich, wéi d’Zomm fir déi lescht fënnef Joer, stellt den LSAP-Deputéierten a fréiere Minister Franz Fayot fest. Ob dës Zomm fir d’Joren 2026 bis 2030 awer duer geet, misst sech nach weisen. Op der leschter COP wier unanime gesot ginn, datt déi 1.300 Milliarden Euro net géifen duergoen, erënnert den LSAP-Deputéierten.

Diskutéiert gouf haut an der Chamber och iwwer Hëllefe fir d’Finanzéierung vun der Klimatransitioun an Entwécklungslänner. De Serge Wilmes erënnert drun, datt Lëtzebuerg eppes hätt, wat vill aner Länner net hunn.

"Op där enger Säit ee Budget wou et reng ëm Entwécklungsprojete geet, an Entwécklungslänner. An dann hu mir nach eng Kéier dorobber och déi international Klimafinanzéierung-Enveloppe."

Als räicht Land hätt Lëtzebuerg ëmmer seng Verantwortung am Beräich Entwécklungshëllef a Klimaschutz iwwerholl, ënnersträicht de Finanzminister Gilles Roth.

Lauschterenplay_arrow