Mat dësem Accord kënne Jonker aus béide Länner um lokalen Aarbechtsmaart fir eng limitéiert Zäit schaffen, fir hir Vakanz an deem Land ze finanzéieren.
Donieft hate béid Ministeren och eng Entrevue mat der südkoreanescher Weltraum-Agence, déi réischt dëst Joer gegrënnt ginn ass. Lëtzebuerg a Südkorea wéilten an Zukunft och an deem Domaine méi enk zesummeschaffen, heescht et am offizielle Communiqué.