En Accord tëschent den 200 Länner, déi derbäi sinn, ass aktuell net a Siicht. Virun allem wat den Austrëtt aus Ueleg, Gas a Kuel ugeet, gëtt ee sech net eens.
Um Dësch leien donieft Fuerderunge vun den Entwécklungslänner un d‘Industriestaaten, fir méi Suen ze kréie fir d‘Upassung un d‘Konsequenze vun der Äerderwäermung. D'Konsequenzen doraus äussere sech ëmmer méi dacks duerch staark Stierm, extreem Dréchent, grouss Bëschbränn a grouss Iwwerschwemmungen.
Brand um Donneschdegowend
Um Site vun der Konferenz huet et um Donneschdegowend gebrannt. D‘Feier hat op engem Stand ugefaangen an huet direkt fir eng staark Dampentwécklung gesuergt. Dat huet liicht Panik bei de Visiteuren ausgeléist. Déi 10.000 Leit, déi bei der Klimakonferenz derbäi sinn, hu missen evakuéiert ginn, och déi Lëtzebuerger Delegatioun war betraff. Beim Feier ass awer keen zu Schued komm.