arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diskussioune ronderëm Ukënnegung vu Macron zur Unerkennung vu Palästina

International

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Diskussioune ronderëm Ukënnegung vu Macron zur Unerkennung vu Palästina

Um Donneschdegowend hat de franséische President Emmanuel Macron annoncéiert, datt Frankräich am September bei der UNO-Generalversammlung de Staat Palästina wäert unerkennen. Eng Annonce, déi och weiderhin international wéi och national fir vill Reaktiounen an Diskussioune suergt.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Emmanuel Macron | © Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri
Emmanuel Macron (Foto: Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri)

Et ass eng historesch Annonce, déi den Emmanuel Macron um Donneschdeg gemaach hat, mee dem Donald Trump no, keng déi wierklech wichteg ass oder eppes un der internationaler Situatioun verännert, esou den amerikanesche President an der Nuecht. 

Géigewand aus eegene Reien

Israel selwer huet d’Entscheedung staark kritiséiert, mee och aus Frankräich selwer koum vill Géigewand. De Chef vum rietsextreme Rassemblement National, de Jordan Bardella, sot et wier eng iwwerstierzten Entscheedung déi der Hamas, déi hien als islamistesch Terrorgrupp bezeechent, institutionell an international Legitimatioun gëtt.

Den RN-Alliéierten Eric Ciotti sot et wier net um President mee um Parlament iwwer dëse Schratt ze entscheeden. Bei de konservative Les Républicains gesäit een d’Annonce als ee Schlag géint Israel a jiddesch Matbierger:inne a Frankräich.

Och dem Macron säi fréiere Premier, den Edouard Philipe huet a Fro gestallt, op dës Ukënnegung elo zum richtegen Zäitpunkt kënnt.

Gauche ass fir eng Unerkennung

Bei der Gauche gesäit een et anescht, de fréieren Ausseminister Hubert Védrine seet haut géigeniwwer Le Monde, wann een elo näischt ënnerholl hätt, hätt een d’Éier vum Land geschiedegt. Bei der Lénkspartei LFI schwätzt ee vun enger moralescher Victoire mee fuerdert, datt elo och e Waffenembargo kënnt an een d’Kooperatiounsaccorde mat Israel aussetzt a Sanktiounen en vue stellt.

149 Länner erkennen de Staat Palästina schonn un. Och de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel sot um Freideg géigeniwwer dem radio 100,7 datt een dozou tendéiert.

play_arrow Lauschteren