Den Innenminister Leon Gloden huet an der Chamberkommissioun fir bannenzegt Affär Detailer zum Gesetzesprojet fir dat neit Bautereglement presentéiert. Vum 1. Januar 2028 u soll just nach ee Bautereglement fir d'ganz Land gëllen, amplaz vun den aktuelle Reglementer an den 100 Gemengen. D'Zil ass et, d'Prozedure méi einfach ze maachen.
Reegelen zu Logement, Klima a Sécherheet
Dat neit Bautereglement definéiert ënner anerem d'Mindestsurfacë vu Logementer. Gläichzäiteg gesäit et eng Rei Mesurë vir, fir d'Resilienz an d'Energietransitioun ze stäerken. Esou mussen nei Parkplaze waasserduerchlässeg gebaut ginn, a Stenggäert gi verbueden.
Och Sécherheetsaspekter, wéi Brandschutzmesuren a Fluchtweeër, ginn an dësem Text gereegelt.
Et wier ee mat gesondem Mënscheverstand virgaang, huet den Innenminister betount.
Nom Akraafttriede soll den Text fir all Neibau- a Renovéierungsprojet gëllen. Dobäi huet de Léon Gloden ënnerstrach, datt dat nationaalt Bautereglement d'PAGen an d'PAPen net ersetzt. D'Gemengenautonomie bleift bestoen, d'Prozedure ronderëm PAGen a PAPe sollen awer vereinfacht an digitaliséiert ginn.
“Dat heescht eng Gemeng bleift natierlech responsabel fir ze bestëmmen, wou gëtt gewunnt, wou komme Büroen, wou kommen Industrieflächen. D’Bautereglement gesäit och net fir, wéi vill Stäck e Gebai kritt, dat gëtt weiderhin am PAG respektiv PAP festgeluecht, mee d’Bautereglement gesäit dann zum Beispill fir, wéi héich d’Plaffongen an engem Logement, an engem Appartement, musse sinn.”
Den Text gëllt nom Akraafttriede fir all Neibau a Renovéierungsprojet.