Dat war eng vu 7 Mesuren, déi den CSV-Finanzminister Gilles Roth an den DP-Logementsminister Claude Meisch ënnert dem Slogan "Booster fir de Wunnengsbau" virgestallt hunn.
Bei den anere Moossnamen dréint et sech an der Haaptsaach ëm steierlech Hëllefe fir Leit, déi en Haus oder eng Wunneng kafe wëllen. Et ginn och fiskal Ureizer geschaf fir Investisseuren. Dat an der Hoffnung, datt méi Locatiounswunnenge gebaut ginn.
De Pak wier net do fir "Promoteuren e Benefice ze garantéieren"
Ugeschwat op d’Gefor, datt all déi Aiden dozou bäidroen, de Bau nees méi deier ze maache, sot de Gilles Roth follgendes.
"Et ass net e Pak, dee geduecht ass fir Promoteuren, déi iwwerdeiert Präisser bezuelt huet fir Terrain, fir deenen op Zäit e Benefice ze garantéieren. Wësst Der, et ass wéi an der Lotterie, et kann een net ëmmer wannen. Mir maachen dat hei, mee mir hunn dat Engagement allen zwee vis-à -vis vun der Chamber geholl. Sollt et hei mëssbraucht ginn, dann ass och ganz séier e Gesetzesprojet erabruecht, la mesure est abrogée."
Op der Pressekonferenz ass och nach confirméiert ginn, datt de Staat weider 300 Milliounen Euro fir säi VEFA-Opkafprogramm bereet stellt. Déi éischt Enveloppe vu 480 Millioune wier scho bal ganz opgebraucht, huet et geheescht.