Radioen

On air

Notturno  |  Orlando Weeks - Dig (feat. Rhian Teasdale)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lénksparteien a Frankräich si sech eens ginn

Nouveau Front Populaire

Lénksparteien a Frankräich si sech eens ginn

A Frankräich sinn d‘Lénksparteie sech gëschter Owend iwwert e gemeinsame Walprogramm eens. Si sollen de Moien d‘Detailer gi vun hiren Iddien, déi se gemeinsam mam Numm „Nouveau Front Populaire“ wëllen ëmsetzen.

auto_stories

1 min

© Bigstock / PaulMaguire
Foto: Bigstock / PaulMaguire

Fir déi Pressekonferenz ginn d‘Cheffe vun der France Insoumise, dem PS, den Ekologisten, an de Kommunisten erwaart. Si wéilten d‘Exteme droite stoppen, an dofir géifen se hir Divergenzen op d‘Säit stellen, ass de Message.

Haut gëtt dann awer och zu Paräis en Urteel ëm den Eric Ciotti erwaart. Hien huet Recours ageluecht géint seng Exklusioun aus Les Républicains. Dat no senger vill kritiséierter Annonce Ufank der Woch, datt d‘Partei sech un de rietse Rassemblement nationale wéilt ralliéieren.