Ee Geriicht zu Paräis huet d‘Demande rejetéiert. D‘Riichter hu fonnt, datt et keng systematesch Verstéiss géife ginn. Eng Spär wier deemno net justifiéiert, a géif déi kommerziell Fräiheet vum Konzern, mat Sëtz zu Singapur, beanträchtegen.
Déi franséisch Regierung wollt Shein fir dräi Méint späre loossen, nodeems iwwer déi Online-Plattform Sexpoppen a Kanneroptik ugebuede gi waren, grad wéi Waffen a Medikamenter. Shein hat no der Plainte vu Paräis déi illegal Artikelen direkt erofgeholl.