Radioen

On air

Notturno  |  Jeffrey Silverstein - Chet Feat. Willliam Tyler

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Laurent Boquet: “Zu Lëtzebuerg mussen Transgender Mënschen net fäerten”

Rosa Lëtzebuerg

Laurent Boquet: “Zu Lëtzebuerg mussen Transgender Mënschen net fäerten”

Nom Urteel a Groussbritannien iwwer d’Definitioun vun der Fra misst een elo d’Aen an Europa ophalen an eventuell reagéieren, sollt dat Urteel Auswierkungen op aner europäesch Länner kréien. Dat seet de Laurent Boquet vu Rosa Lëtzebuerg op d’Decisioun vum brittesche Supreme Court, datt an Zukunft de Begrëff “Fra” nëmmen nach biologesch definéiert gëtt, an Trans-Fraen aus där Definitioun ausgeschloss ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Markus Scholz
(Foto: picture alliance/dpa | Markus Scholz)

Zënter dem Gesetz vun 2018, dat et erméiglecht, d’Geschlecht am Persouneregester ze änneren, wier d’Transcommunautéit zu Lëtzebuerg awer relativ gutt geschützt, erkläert de Laurent Boquet vu Rosa Lëtzebuerg.

“Also nom Gesetz vun 2018 kann ech, op simple demande beim Ministère de la Justice - dat ass kee Geriichtsurteel méi, mee et ass eng Narêté ministèrelle, deen do gemaach gëtt - souwuel mäin Numm ewéi och mäi Geschlecht änneren. Ech muss just noweise kënnen, datt ech an deem Geschlecht, an deem ech wëll agedroe ginn, säit enger Zäit liewen. Dat ass eng Prozedur, déi relativ einfach ass.”

De Laurent Boquet mengt weider net, datt Transgender Leit elo hei eppes misste fäerten.

“Well och eeben déi Persoun hei zu Lëtzebuerg als Fra oder Mann agedroe gëtt an et u sech keng Trassen aus dem Acte de naissance oder dem Diplom mat de Moment nach ginn, datt dat vläicht virdru keng Fra oder kee Mann war.”Rosa Lëtzebuerg"