An Thüringen ass d‘AfD Sondagen no op éischter Plaz, nach virun der CDU a virum Bündnis Sahra Wagenknecht. A Sachsen läit d‘AfD an de Sondage just knapp hannert der CDU.
D‘Parteien aus der Regierungskoalitioun, d‘SPD, déi Gréng an d‘FDP wäerte mat Verloschter rechne mussen.
Haut sinn all d’Parteien nach eng leschte Kéier ënnerwee fir d’Wielerschaft z’iwwerzeegen.