A Baden-Würtenberg ginn haut 7,7 Millioune Wieler:innen dozou opgeruff een neie Landtag ze wielen. Et ass do den Optakt vun engem Superwaljoer an Däitschland.
Zanter 15 Joer gouf dëst Bundesland vum grénge Politiker Wilfried Kretschmann als Ministerpresident geleet. Hien huet mat 77 Joer decidéiert net méi ze kandidéieren. Déi leschten 10 Joer gouf et eng Koalitioun tëscht d'Bündnis90/Die Grünen an der CDU. De Sondagen no kéint déi Koalitioun weiderbestoe bleiwen, allerdéngs ass et haut net kloer wéi eng Partei de Lead kann iwwerhuelen.
Enk Course tëschent CDU a Bündnis90/Die Grünen
Landtagswale si keng Bundestagswalen, an dach kuckt jiddereen op Baden-Württemberg. Kréien déi gréng méi Stëmmen ewéi d’CDU da wier dat een éischter negatiivt Signal fir de Bundeskanzler Friedrich Merz.
De Sondagen no war d’CDU ganz laang de grousse Favorit. Allerdéngs hunn déi Gréng an de leschte Wochen un Zoustëmmung gewonnen. Mat 27 Prozent u Sondéierten déi se géife wielen. D’CDU kéim op 28 Prozent. Et ass deemno spannend.
Spëtzekandidat vun der CDU ass de jonke Manuel Hagel, hien ass relativ onbekannt. Fir d'Bündnis90/Die Grünen ass et de populären Cem Özdemir, dee sech Bundeswäit een Numm gemaach huet. Spannend gëtt et och fir d’FDP déi de Sondage no riskéiert net méi am Landtag vertrueden ze sinn. D’SPD kéim de Sondage no op 7 Prozent vun de Stëmmen, fir die Linke kéint et duergoen, fir ee Mandat ze kréien. Déi gréissten Oppositiounspartei wäert d’AFD ginn, keng aner Partei wéilt awer mat hinnen eng Koalitioun forméieren.
16- a 17-Järeger dierfen och wielen
Déi international Situatioun an och d’Tensioune mat den USA ëm d’Douanestaxen, kéinten ee groussen Afloss hunn. D’Automobilindustrie ass nämlech a Baden-Württemberg ee vun de gréisste Secteuren. Dausenden Aarbechtsplaze stinn um Spill. De Cem Özdemir huet am Walkampf de Slogan "Wir können Auto" rausgesicht, de gréngen huet sech oppe gewisen, fir de Verbuet vum Verbrennungsmotor no hannen ze verréckelen.
Hien wëllt awer och weider d’Energietransitioun weiderdreiwen.
Och de Manuel Hagel vun der CDU huet sech fir de Standuert staark gemaach.
D’Walgesetz gouf a Baden-Württemberg iwwregens geännert. Ënner anerem dierfen des Kéier 16- a 17-Järeger och wielen. Wéi een Afloss dat op d’Resultater kéint hunn ass net gewosst.