Max Tholl, Paräis
Ufank Juli konnt sech d’Lénksallianz Nouveau Front Populaire bei de franséischen Neiwalen duerchsetzen, mee och sechs Woche méi spéit gëtt et nach keng nei Regierung oder kloer Tendenz, wien de President als Premier wäert nennen. E Freideg wäert de Staatschef mat de Parteispëtzte fir Gespréicher zesummekommen, mat dobäi wäert och d’Lucie Castets sinn, d’Kandidatin vum Nouveau Front Populaire.
Fir am Virfeld vun de Gespréicher den Drock ze erhéijen, hat d’Lénkspartei La France Insoumise e Sonndeg d’Optioun an d’Spill bruecht, fir de Macron mat enger Destitutioun ze entmächtegen, sollt hie weiderhi refuséieren d’Lucie Castets als Premier ze nennen.
Eng motion de censure wier méiglech
Dëst Instrument an der Verfassung erméiglecht eng Ofsetzung vum President, wann dësen de Flichte vu sengem Amt net nokënnt a brauch eng Zwee-Drëttel-Majoritéit am Parlament. Datt et awer iwwerhaapt esou wäit kënnt, schéngt onwarscheinlech, déi aner Parteie vum Nouveau Front Populaire hu sech kloer vun dëser Propos distanzéiert, sou och d’Lucie Castets de Méindeg den Owend op BFMTV. Si gesäit eng aner Léisung, sollt de President bei der Regierungsformatioun d’Walresultat net respektéieren an zwar eng motion de censure géint d'Regierung.
D’Marine Tondelier vun den Ekologisten huet virun ze vill Kakophonie beim Lénksbündnis gewarnt. Déi sëlleg Desaccorde beim Lénksbündnis spillen dem Macron an d’Kaarten, hie wëll jo eng grouss Koalitioun op d’Bee stellen.