Radioen

On air

Notturno  |  Stephen Steinbrink - Pony

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ LGBTIQ+ Communautéit verléiert Vertrauen an d'Regierung

Nei Ëmfro

LGBTIQ+ Communautéit verléiert Vertrauen an d'Regierung

Belästegung a Gewalt géintiwwer Membere vun der LGBTIQ+ Communautéit an der EU huelen zou. Dat ass d’Conclusioun vun enger neier Ëmfro vun der EU-Agence fir Grondrechter. Hei am Land huet och d‘Vertrauen an d‘Regierung ofgeholl, datt si Virurteeler an Intoleranz géintiwwer der LGBTIQ-Communautéit bekämpft.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow

An der EU hu Belästegung a Gewalt géintiwwer Membere vun der LGBTIQ+ Communautéit zougeholl. Gläichzäiteg ginn déi Concernéiert awer elo méi oppe mat hirer Identitéit ëm.

11 Prozent vun den Affer hunn Attacke bei der Police gemellt 

Iwwer 100.000 LGBTIQ+ Persounen aus ganz Europa haten am Summer zejoert dorun deelgeholl. Méi wéi eng vun 10 LGBTIQ-Persounen an Europa huet deemno an de leschte 5 Joer virum Sondage Gewalt erlieft.

Méi wéi eng vun 2 Persoune gouf belästegt. Viru 5 Joer waren dat nach eng vun 3 Persounen. An de 27 EU-Staaten hunn 11 Prozent vun den Affer esou Attacken der Police gemellt. Bei eis am Grand-Duché waren dat allerdéngs just 5 Prozent, den nidderegsten Taux an der ganzer EU.

Lëtzebuerg schneit am europäesche Verglach gutt of

Hei am Land huet och d‘Vertrauen an d‘Regierung ofgeholl, datt si Virurteeler an Intoleranz géintiwwer der LGBTIQ-Communautéit bekämpft. 2019 waren nach dräi Véirel vun de Befroten där Usiicht. 2023 waren et just nach 64 Prozent.

Allerdéngs sinn dat ëmmer nach e besseren Taux wéi am Rescht vun der EU. Do louch den Taux bei 26 Prozent.

Lauschterenplay_arrow