Als Beispill nennt de Mouvement écologique d'Initiativ Supply4Future, mat där d'Schoulkantinne vu Restopolis prioritär mat Bioproduiten aus Lëtzebuerg an dem Ausland solle beliwwert ginn.
"D'Motivatioun fir d'Biolandwirtschaft geet verluer"
Dës Initiativ gouf no der Pandemie vum Educatiounsministère lancéiert. Elo géif d'Landwirtschaftsministesch dat a Fro stellen: Si géif nämlech léiwer konventionell Produiten hei aus dem Land an de Kantinnen asetzen, wéi Bio-Produiten aus dem Ausland, kritiséiert de Mouvement.
D’Argument vun der Ministesch wier, datt dat eng Konkurrenz fir d'Lëtzebuerger konventionell Landwirtschaft géif duerstellen.
Fir d'Mouveco-Presidentin Blanche Weber, géif domat awer een Ureiz verluer goen, fir op Biolandwirtschaft ze wiesselen.
Si erënnert un den Aktiounsplang fir Biolandwirtschaft, dee bis Enn dës Joers ausleeft. Zil vum Plang war et, bis 2025, 25.000 Hektar Biolandbau ze hunn. Et wier just d’Hallschent dovun erreecht.