arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kritik un den USA: Et hätt ee Russland net dierfen "de rouden Teppech ausrullen"

Xavier Bettel

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Kritik un den USA: Et hätt ee Russland net dierfen "de rouden Teppech ausrullen"

Den DP-Ausseminister Xavier Bettel kritiséiert d’Virgoe säitens den USA am Ukrainkrich. Dat sot hien no enger Entrevue mam ukraineschen Ausseminister. Am Kader vum Ausseminister Xavier Bettel senger Rees a Moldau stoung haut um Dënschdeg nämlech en Deplacement op Odessa an d’Ukrain un.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
© MAE Luxembourg
(Foto: MAE Luxembourg)

Als eenzegt Medienhaus, wat mam Xavier Bettel a Moldau gereest ass, dierft de radio 100,7 awer net mat an d’Ukrain fueren.

Nees zeréck vun Odessa sot de Xavier Bettel, Amerika misst - wat den Ukrainkrich ugeet - méi Drock op Russland maachen.

"An amplaz am Fong de rouden Teppech erauszehuelen, hate se besser gehat eng méiglech Sanktiounslëscht ze preparéieren, fir ze soen: 'Dat ass dat, wat geschitt, wann s du net Fridde wëlls.' Mee bon, et ass e Choix. Dialogbereetschaft ass awer wichteg. Dowéinst ënnersträichen ech d' Wichtegkeet vun deem Dialog, deen do ass."

Mee fir elo an en Optimismus ze verfale wier falsch, mengt den Ausseminister. "Ech mengen, do sinn d'Ukrainer realistesch”. 

Vun de BeNeLux-Länner fuerdert d’Ukrain, datt den Drock op Russland weider héich gehale gëtt, esou nach de Xavier Bettel.

 

play_arrow Lauschteren