arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kooperatiounspolitik: Oppositioun weist sech besuergt

Chamber

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Kooperatiounspolitik: Oppositioun weist sech besuergt

D’Oppositioun mécht sech Suergen iwwer d’Kohärenz an d’Transparenz vun der Entwécklungspolitik. An der Chamber hunn d’Deputéiert iwwer d’Deklaratioun iwwer d’Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik vum Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel gëschter debattéiert.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Chamberdebatt | © Flickr Chambre des Députés
Chamberdebatt (Foto: Flickr Chambre des Députés)

Hien hat ënner anerem annoncéiert, datt Lëtzebuerg sech aus verschiddene Länner, dorënner de Senegal, wäert zeréckzéien, well do d’Situatioun ze onstabel wier. Dat hunn haut eng Partie Deputéiert a Fro gestallt.

LSAP suergt sech iwwer de Budget

D’Ried vum DP-Minister gëschter hätt een net wierklech rassuréiert, esou d’Kritik vun der LSAP. Suerge géif ee sech iwwer de budgetäre Spillraum an der Entwécklungspolitik maachen, deen duerch de Fokus op d’Defense ëmmer méi enk géif ginn. Virun allem wier de Réckzuch aus verschiddene Partnerlänner ontransparent, esou nach den LSAP-Deputéierte Franz Fayot:

"Hale mer nach ëmmer un de Prioritéiten op least developed countries fest an op d'Grondbedürfnësser vun de Populatiounen oder gëtt et do e Changement? Wéi ass et mat den transversale Strategien, déi ausgeschafft goufen, Gender, Ëmwelt, humanitär, ginn déi nach applizéiert?"

Mat engem méi enken Dialog hätt ee verschidde Partnerschaften oprecht erhalen, där Meenung war och déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring. Si huet sech och besuergt iwwer d’Entwécklungen am Senegal gewisen, mee och bedauert, datt dobäi d’Situatioun vun der Zivilpopulatioun net genuch berücksichtegt gouf.

"Mee wann een all Kéiers bei politesche Réckschrëtter, Partnerschaften a Fro stellt, da leiden am Endeffekt déi Leit, déi op dës Zesummenaarbecht ugewise sinn, zum Beispill och queer Leit, Fraen a Kanner am Senegal."

 ADR wëll Entwécklungsgelder plafonéieren

D’Entwécklungsgelder misste méi transparent agesat ginn, huet d’ADR gefuerdert. D’Alexandra Schoos huet fir ee Plafonnement vun der Entwécklungshëllef op 0,7 prozent vum RNB plädéiert.

"Wa Kooperatioun ze vill op Dauerfinanzéierung, op Symbolpolitik oder op Strukturen ouni kloer lokal Iwwernam erausleeft, da verléiert si hire Sënn."

Um Enn gouf et eng länger Diskussioun iwwer de Budget an doriwwer, ob un dem aktuellen engem Prozent vum RNB nach soll festgehale ginn.

 

 

 

 

play_arrow Lauschteren