Radioen

On air

Notturno  |  David McCallum - The Edge

play_arrow Live
search

/ Kontrollen un den däitsche Grenzen: Vill Suergen a Kritik aus den Nopeschlänner

Annonce vun der däitscher Inneministerin

Kontrollen un den däitsche Grenzen: Vill Suergen a Kritik aus den Nopeschlänner

E Méindeg huet déi däitsch Inneministerin Nancy Faeser Grenzkontrollen ugekënnegt. Vill Detailer iwwer déi konkret Ëmsetzung vun deene Grenzkontrolle ginn et nach net. D‘Annonce suergt fir vill Reaktiounen a fir vill Kritik.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Daniel Karmann play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Daniel Karmann

De Lëtzebuerger Ausseministère, wéi och de Staatsministère verweisen op eis Nofro hin op den Inneministère. Deen huet doropshi säi Statement vun dëser Woch nëmme widderholl: Dem Inneminister wier vun der däitscher Police matgedeelt ginn, datt ee sech beméie géif, d’Auswierkungen op de Stroosseverkéier kleng ze halen.

Suergen ëm d'Loftqualitéit an den Uertschaften

Trotzdeem weise sech d’Lëtzebuerger Grenzgemenge besuergt. D’Monique Hermes, Buergermeeschtesch vu Gréiwemaacher, bedauert, datt een net am Virfeld iwwer dës Mesure informéiert gouf a warnt virun den Auswierkungen op de Beruffsverkéier an op d’Loftqualitéit. Schonn elo géifen all Dag iwwer 17.000 Camionen iwwer d’Grenz fueren. Mat de Kontrolle fäert si, datt d’Staupotenzial un der Grenz nach méi schlëmm gëtt – och wann net direkt op der Bréck kontrolléiert gëtt.

„Dat nervt net nëmmen déi vill Leit déi bei eis schaffe kommen an owes heemfuere wëllen, mee et wierkt sech och op d’Loftqualitéit an eisen Uertschaften aus.”

Kritik vun ugrenzenden däitsche Bundeslänner

Och international suergt d’Annonce vun der Nancy Faeser fir Kritik. D’Industrie- an Handelskammer zu Tréier warnt virun negativen Auswierkungen op d‘Ekonomie an der Groussregioun. De regionalen Eenzelhandel an och d’Gastronomie géife staark vun de lëtzebuergesche Clientë profitéieren. D‘Handelskammer fäert awer, datt Lëtzebuerger Clientë wéinst de laange Waardezäiten ausbleiwen.

Och déi saarlännesch Regierung hannerfreet déi ugekënnegt Mesuren. Se sollte fir eng méiglechst kuerz Period gëllen, fir déi enk Verbindunge mat den Nopeschlänner ze schützen, schreift de saarlänneschen Inneministère an engem Communiqué.

Donald Tusk: Pläng sinn inakzeptabel

Iwwerdeems kritiséiert och d’Nopeschland Polen d’Pläng vun der däitscher Regierung: de polnesche Regierungschef Donald Tusk huet se inakzeptabel genannt. Gebraucht wieren elo éischter méi staark Kontrollen op de Baussegrenze vun der EU, sou nach den Donald Tusk.

E Méindeg sollen d’Grenzkontrollen ufänken a viraussiichtlech 6 Méint daueren.

Lauschterenplay_arrow