arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Konkurrenz fir AMMD? Associatioun fir Spidolsdoktere wëllt sech breet opstellen

Gesondheetssecteur

|
headphones

2 min

headphones

9 min

play_arrow

Konkurrenz fir AMMD? Associatioun fir Spidolsdoktere wëllt sech breet opstellen

D’Associatioun fir d’Spidolsdokteren aus dem CHL, d’MSH, wëllt sech méi breet opstellen. Op enger aussergewéinlecher Generalversammlung wëllt d’Associatioun sech och fir d’Dokteren aus anere Spideeler opmaachen. Domat kéint d’AMMD Konkurrenz kréien.

headphones

2 min

headphones

9 min

play_arrow

Anescht wéi d’AMMD, also d’Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren, behaapt, wiere si nämlech net representativ, fënnt d’Presidentin vun MSH Monique Reiff.

D’Problemer wieren an hiren Ae souwuel fir déi liberal, wéi déi salariéiert Dokteren änlech. Et wollt een usech ni eng Konkurrenz fir d’AMMD duerstellen. Dofir hätt ee sech op d’Salariat konzentréiert.

Aktuell Debatt schued dem Beruffsstand

Allerdéngs géif ee sech elo Suerge maachen. Déi rezent Entwécklungen, dorënner der AMMD hir Kënnegung vun der Konventioun mat der Gesondheetskeess CNS, géif dem Beruffsstand schueden. Si begréisst et zwar, datt d’AMMD e puer Proposen ofgeschwächt huet. An awer:

“Et huet een zumindest d'Gefill, datt dat vun Ufank un net ganz duerchduecht war, wou se wéilten higoen, an et huet een jo och däitlecht Gefill, dass dat och an hire Reien net nécessairement bis zum Schluss duerchduecht war.”

Spidolsdoktere musse sech op Master virbereeden

An den Ae vun der Monique Reiff, wier den Interessi do, fir och d’Spidolsdokteren ze representéieren. Dat och en vue vum Masterstudiegank, dee lo séier zu Lëtzebuerg soll ugebuede ginn. 

“A lo mussen d'Spidolsdoktere sech iergendwéi opstellen, fir dat gereegelt ze kréien. Ech mengen, a kengem Land gëtt et e Medezinstudium ouni Unisspidol.”

Historesch géif et dacks dozou kommen, datt déi salariéiert an déi liberal Doktere géinteneen opgespillt ginn. Och ënner de Spidolsdoktere wieren der puer skeptesch.

Op der aussergewéinlecher Generalversammlung gëtt um Méindegowend ofgestëmmt, ob d’Associatioun sech fir all Spidolsdokteren soll opmaachen. 

play_arrow Lauschteren