arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Koalitioun vun de Wëllege trëfft sech zu Paräis - Luc Frieden och dobäi

Ukrainkrich

|
reading time

1 min

Koalitioun vun de Wëllege trëfft sech zu Paräis - Luc Frieden och dobäi

De Premier Luc Frieden ass haut a muer op Visitt zu Paräis. Dat op Invitatioun vum franséische President Emmanuel Macron. Do kënnt haut déi sougenannt Koalitioun vun de Wëllegen zesummen – also déi Staaten, déi d‘Ukrain aktiv ënnerstëtzen.

reading time

1 min

© EPA/Sarah Meyssonnier / POOL MAXPPP OUT
(Foto: EPA/Sarah Meyssonnier / POOL MAXPPP OUT)

Onkloer ass nach, ob den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj wäert mat dobäi sinn.

Haapttheeme sinn d‘Rakéitenofwier a gemeinsam Militärmanöver.

Muer ass de Luc Frieden dann Invité op der Militärparade fir de franséischen Nationalfeierdag, mat derbäi ass och e Lëtzebuerger Militärdétachement.