Déi international Atemenergieagence IAEA huet esouwuel d'Ukrain wéi och Russland opgefuerdert, d'Attacke ronderëm d'Zentral ze vermeiden.
Zënter der russescher Invasioun war d'Stroumversuergung vun der Zentral schonn 19 mol ënnerbrach.
Déi ukrainesch Atomzentral vu Saporischschja ass komplett ouni Stroumversuergung, well eng Granat den Noutposte fir d'Stroumversuergung getraff huet. Dat zu engem Moment, an dem grad Reparaturaarbechten un enger Haaptstroumleitung amgaange waren.