arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kiné an Zukunft och no net-orthopedeschen Operatioune ganz rembourséiert

Neien Accord

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Kiné an Zukunft och no net-orthopedeschen Operatioune ganz rembourséiert

Fraen déi accouchéiere, wäerten an Zukunft en Urecht op bis zu aacht voll rembourséiert Kinésseancen hunn. Dat wier ee vun de Virdeeler fir Kinéspatienten vun nächstem Joer un, esou de President vun der Kinésassociatioun ALK, Patrick Obertin, am 100,7 Interview.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

An Zukunft solle verschidde Kinésseancen iwwerdeems och no enger net-orthopedescher Operatioun komplett rembourséiert ginn. Bis ewell goufen dës Kinésseancen just zu 70 Prozent rembourséiert, erkläert de Patrick Obertin.

Datt Patiente bis ewell just no enger orthopedescher Operatioun Recht op en 100 prozentege Remboursement hate wier an den Ae vum Patrick Obertin eng Form vun Diskriminatioun gewiescht

"Dat hänkt och e bësse vum Patient of, dat hänkt och e bëssen of wéi den Aktverlaf ass, dat hänkt dervun of, wann do Patienten, déi méi laang alitéiert bliwwe sinn, wann et Komplikatioune sinn, déi maachen, dass de Patient herno net direkt aus dem Bett ka sprangen, wou dann eeben e bësse méi Kiné gefuerdert ass."

Seancen no Gebuert voll rembourséiert

Och Kinéseancen post-partum, also no enger Gebuert, wäerten an Zukunft zu 100 Prozent vun der Gesondheetskeess rembourséiert ginn. Domat géif een enger EU-Direktiv nokommen esou de Patrick Obertin.

"Déi nei Mamm huet dann aacht Seancë Kiné zegutt, wou se en honnertprozentege Remboursement huet a si muss dat just an deem Joer huelen no der Gebuert."

Maximal zwee Patienten d'Stonn

Kinéen dierfen doriwwer raus an Zukunft just nach maximal zwee Patiente pro Stonn behandelen.

"Dat ass och eng Saach vun Aarbechtsqualitéit fir mech. A fir de Patient ass et natierlech e Gewënn, well d'Qualitéit hänkt ganz sécher vun der Zäit of, déi Der mat dem Patient verbréngt."

Bei der Mediatioun vun den Tarifverhandlungen huet d’ALK och eng Erhéijung ëm 1,34 Prozent vun den Tariffer erreecht. Natierlech hätt ee gäre méi gehat, sot de President vun der Kinésassociatioun Patrick Obertin. Am Géigenzuch hätt een awer eng Partie Mesuren am Interêt vun de Kinéen an de Patiente fonnt.

play_arrow Lauschteren