Elleng leschte Méindeg hätte sechs Persounen hir Demande fir internationale Schutz net enregistréiert kritt, dorënner een onbegleete Mannerjäregen an eng vulnerabel jonk Fra. Ma wann hir Demande net enregistréiert wier, hätten déi Betraffen ënnert anerem keen Accès op een Logement.
D‘Passerell ënnersträicht, datt all Demandeur ee Recht hätt, datt seng Demande enregistréiert gëtt. An datt en doropshin eng offiziell Äntwert - positiv oder negativ - kritt, géint déi en dann eventuell Recours kann aleeën.
Et wier net un engem Agent oder un enger Persoun an engem Guichet fir ze entscheeden ob d‘Demande soll enregistréiert ginn oder net. Dat dierft och trotz der neier Prozedur fir d‘Demanden ze filteren, net de Fall sinn.