arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Première: 33.000 PV-Anlagen hunn 2025 méi Stroum wéi d'Wandanlage produzéiert

Stroumproduktioun geklommen

|
reading time

2 min

Eng Première: 33.000 PV-Anlagen hunn 2025 méi Stroum wéi d'Wandanlage produzéiert

Den Ausbau vun den erneierbaren Energien zu Lëtzebuerg geet an engem héijen Tempo virun. 2025 gouf souvill eege produzéierte Stroum verbraucht wéi nach ni virdrun am Land. Dat geet aus den neisten Zuelen ervir, déi den Institut luxembourgeois de régulation ILR presentéiert huet.

reading time

2 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Et wier eng impressionant Zuel u Photovoltaikanlagen déi d‘lescht Joer zu Lëtzebuerg installéiert goufen.

Autoconsommatioun ass staark geklommen

Mat engem Plus vun eppes iwwer 47 Prozent par Rapport zum Joer virdru funktionéieren elo 33.300 Unitéiten zu Lëtzebuerg. Den ILR-Direkter Luc Tapella mécht dëse Constat. 

"De Gouvernement huet do vill Subside ginn an dat huet e groussen Effet. Och 2025 sinn do vill nei Installatiounen dobäi komm, déi maachen, datt mer fir d'éischt Kéier 25 national méi Stroum produzéiert hunn an der Photovoltaiktechnique, wéi bei den Eoliennen." 

Eng zweet Entwécklung, déi den ILR observéiert huet, ass den Taux vun Autoconsommatioun, also Stroum deen ee selwer produzéiert an och selwer verbraucht. 

"Wat och an de leschte Jore ganz staark geklommen ass, ganz signifikativ, dat ass d'Autoconsommatioun. Dat heescht, mir hunn ewell vun deem wat mer hei produzéieren, verbrauchen déi, déi et produzéieren, selwer 444 Gigawatt Stonnen. Dat ass e Plus vun 122 Prozent."

Eegeproduktioun an Eegeconsommatioun souwéi d‘Installéiere vu Batterien der et Enn 2025 eng 10.000 zu Lëtzebuerg gouf hunn e weideren Effet. Et gëtt manner Stroum iwwer d‘Netz geliwwert respektiv aus dem Ausland importéiert.

85 vum nationale Stroumverbrauch geet op Entreprisen zeréck

Den Taux ass vun 80 Prozent am Joer 2020 op elo 72 Prozent vum Gesamtverbrauch erof gaangen, Lëtzebuerg ass also hei manner ofhängeg ginn.

Op der anerer Säit huet Lëtzebuerg elo un Undeel vu 26 Prozent vun national produzéiertem erneierbare Stroum. 2020 waren dat nach 16 Prozent.

Den nationale Stroumverbrauch geet zu 85 Prozent op Betriber zeréck an de Gesamtverbrauch ass d‘lescht Joer ëm bal 3 Prozent geklommen. Bei Gas war et e Plus vun 1,5 Prozent.

Den ILR huet a sengem Bilan och d‘Präisentwécklung gekuckt. Souwuel beim Stroum wéi och beim Gas huet den ILR d’lescht Joer eng Präishausse festgestallt, well Bäihëllefe respektiv Plaffongen ofgeschaaft goufen. Beim Stroum war dat e Plus vun 31 Prozent, beim Gas waren et bal 11 Prozent.