arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Keng Renconter tëschent dem Putin an dem Selenskyj 

Krich an der Ukrain

|
headphones

1 min

Keng Renconter tëschent dem Putin an dem Selenskyj 

Aus Russland koum um Freideg d‘Confirmatioun, datt keng Renconter tëschent dem russeschen an dem ukrainesche President virgesinn ass.

headphones

1 min

De Wladimir Putin wier prett fir de Wolodymyr Selenksyj ze treffen, wann et bis een Ordre du jour gëtt, mee dat wier nach net de Fall, esou de russeschen Diplomatie-Chef Sergej Lawrow. 

No enger Entrevue mat sengem ukraineschen Homolog hat den US-President Donald Trump annoncéiert, bannent den nächsten zwou Wochen een Treffen tëschent dem russeschen an dem ukrainesche President ze organiséieren. 

Vu russescher Säit gouf et awer bis haut keng Confirmatioun dozou.