arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Pist entsprécht net méi de Standarden: Keng Réiser Päersdeeg dëst Joer

Sport

|
headphones

1 min

Pist entsprécht net méi de Standarden: Keng Réiser Päersdeeg dëst Joer

D’Réiser Päerdsdeeg kënnen dëst Joer net wéi gewinnt stattfanne, well un der Pist geschafft muss ginn. Wéi de Buergermeeschter vu Réiser, den Tom Jungen, am 100,7-Interview confirméiert, géif dës net méi de Standarden entsprieche fir international Turnéieren ze organiséieren.

headphones

1 min

© EPA/YAHYA ARHAB
(Foto: EPA/YAHYA ARHAB)

Par conter kéint dëst Joer awer een nationalen Turnéier stattfannen.

Aktuell géif analyséiert ginn, wat genee alles un der Pist muss geännert ginn. Dat misst dann nach an Ofsprooch mam Ëmweltministère a Saachen Naturschutzgesetz gekuckt ginn, ier da mam Sportsministère iwwer de Finanzement geschwat muss ginn, esou nach d’Prezisioun vum Tom Jungen.

Nächst Editioun nees 2027

Detailer wëllen d’Organisateure vun de Réiser Päerdsdeeg e Méindeg op enger Pressekonferenz virstellen.

Dës Paus soll awer och sécherstellen, datt d'Qualitéit an d'Organisatioun vum Event och laangfristeg nach kéint garantéiert ginn, heescht et als Erklärung. 

Déi nächst Editioun vun de Réiser Päerdsdeeg soll deemno am Joer 2027 sinn.