A senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement preziséiert de Finanzminister Gilles Roth (CSV), datt den 11. Dezember Gespréicher an deem Sënn geféiert goufen.
Lëtzebuerg hätt dobäi en Taux vu maximal 25 Prozent ugebueden. Donieft verweist de Minister op d‘EU-Kommissioun, déi eng harmoniséiert Léisung fir all EU-Staate wéilt ausschaffen.
OGBL: Risiko aus der Sécurité sociale ze fléien
Problemer maachen engersäits den Taux vun der Sozialversécherung, deen europäesch gereegelt gëtt, an d‘Steierbelaaschtung, déi bilateral gereegelt gëtt, esou de Frédéric Krier vum OGBL.
"Natierlech, wann d'Fransousen awer op si fir méi wäit ze goen, op 40 Prozent, da géif dat eeben d'Fro stellen, wat mécht een dann an der Sécurité sociale? Dat wier natierlech net favorabel fir d'Leit, wa si zwar elo kéinte méi wéi 25 Prozent Teletravail maachen, ouni datt dat elo steierlech Konsequenzen hätt. Mee wa si dann awer aus der Lëtzebuerger Sécurité sociale fléien, hu si e ganz anere Problem."
Zwar dierft sech den Taux fir d‘Sozialversécherung laut Accord cadre op maximal 49,9 Prozent belafen, wéinst de strikte Conditioune géif deen an der Praxis awer ganz seele vun de Patronen ugefrot ginn. Wien trotzdeem depasséiert, riskéiert dann eng Desaffiliatioun, esou de Frédéric Krier.
Bedenke beim LCGB
Och den LCGB schwätzt sech fir en harmoniséierte Modell aus, bei deem esouwuel d‘Steiertauxe wéi och d‘Tauxe fir d‘Sozialversécherung ugepasst ginn.
Wat déi franséisch Fuerderungen nom Akasséiere vun engem Deel vun der Akommessteier ugeet, esou huet de Christophe Knebeler vum LCGB kloer Bedenken.
"Eng Retrocessioun vu Steieren, dat si Suen, déi ginn dann op Paräis iwwerwisen. A wat geschitt duerno domadder, dat weess een net. Ech mengen d'Fransousen decidéieren dat da selwer. An eis Iddi war ëmmer e bëssen esou wéi och d'Regierung et do proposéiert, datt een do kuckt, déi Suen an der Regioun ze halen."
Och wann d‘Diskussioune momentan net virukommen, esou kéint et vläicht op Benelux-Niveau ee Fortschrëtt ginn: Déi fiskal a sozial Tauxe sollen hei laangfristeg zesummen op 40 Prozent eropgesat ginn. E Kalenner gëtt et dofir awer nach net.