Iwwerdeems preparéiert ee sech a Frankräich op den nächste grousse Streikdag dësen Donneschdeg.
Nodeems d'lescht Woch schonn déi gréisst Gewerkschaft, d’CFDT (Confédération française démocratique du travail), beim Premier war, war et um Méindeg un der Rei vun der zweetgréisster, der lénker CGT (Confédération Générale du Travail) an och un der CFTC (Confédération française des travailleurs chrétiens).
D’CGT-Leaderin Sophie Binet sot no der Entrevue, datt de Premier zwar ugedeit hätt e Broch mat der Politik vu senge Virgänger ze envisagéieren, nach géing een awer guer näischt dovu gesinn.
CGT: Gutt Virsätz, déi awer net duerginn
De Premier hat e Samschdeg annoncéiert, datt hie beim Budget dorop verzichte wäert zwee Feierdeeg ze sträichen, wéi et säi Virgänger proposéiert hat. Och géinge gewëss finanziell Avantagë fir fréier Ministere suppriméiert a Mesuren ergraff ginn, fir eng administrativ Dezentraliséierung unzestoussen.
Dat wieren zwar gutt Virsätz, esou d’Binet, mee et géing awer net duergoen, fir wierklech eng aner Politik ze bedreiwen. Bei der Entrevue huet si kloer Fuerderunge gestallt. Zum Beispill d’Annuléierung vun der ëmstriddener Pensiounsreform.
No der Entrevue huet d’Sophie Binet opgeruff, d’Mobilisatioun um Streikdag en Donneschdeg nach ze intensivéieren.
Iwwerliewen hänkt vu Sozialisten an Ekologisten of
Vun haut Dënschdeg u wäert de Lecornu da mat den Oppositiounsparteien zesummekomme fir een Accord beim Budget ze fannen. Haut sinn et méi kleng Parteie wéi de zentristesche LIOT (Groupe Libertés, indépendants, outre-mer et territoires).
Muer dann trëfft de Lecornu den RN, d’Ekologisten an d’Sozialiste vun deene säin Iwwerliewen am Amt ofhänkt. Och d’Sozialiste fuerderen, datt de Lecornu d’Pensiounsreform annuléiert.