Gëschter um Méindegowend huet e Ministerconseil decidéiert, datt d’Regierung eng Loi spéciale wäert virstellen, fir datt Frankräich op d'mannst kuerzfristeg Steieren erhiewen a Paie bezuele kann.
Loi spéciale mat limitéierte Funktiounen
Nodeems d’Parlament de Budget vun der Sécurité sociale gestëmmt hat, konnt awer leschte Freideg kee Kompromëss beim Staatsbudget fonnt ginn. Well dësen awer bis den 31. Dezember duerch d’Parlament muss, gesäit d’Regierung elo just d’Optioun vum Spezialgesetz fir d’Zäit ze iwwerbrécken, bis een Accord ka fonnt ginn.
D’Ministesch fir d’Comptes publics, d’Amélie de Montchalin, sot gëschter um Méindegowend, dës Loi spéciale hätt ganz limitéiert Funktiounen a wier och just eng Noutléisung, keen Ersatz fir de Budget.
De kontroversen Artikel 49.3
Zënter gëschter Owend presentéieren de Finanzminister an d’Ministesch fir d’Comptes publics d’Spezialgesetz an de Finanzkommissioune vum Parlament, fir datt dësen Text haut den Owend nach ka gestëmmt ginn.
De Staatsbudget soll der Regierung no nach am Januar gestëmmt ginn. Et ass een nach optimistesch, datt e Kompromëss hei ka fonnt ginn. Sollt dat net klappen, kéint d’Regierung sech gezwonge gesinn awer vum kontroversen Artikel 49.3 Gebrauch ze maachen, wéi et der vill vun der d’Droite an de Regierungsparteie fuerderen.
Nach wëllt een dës Optioun awer ecartéieren.