arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Keen Nobelpräis: Trump “wëllt elo net méi nëmmen u Fridden denken”

Bréif un Norwegen

|
headphones

1 min

Keen Nobelpräis: Trump “wëllt elo net méi nëmmen u Fridden denken”

Den Donald Trump verknäppt seng Uspréch op Grönland mam Fait, datt hien de Friddensnobelpräis net krut. Well Norwegen entscheet hätt, fir him de Präis net ze ginn, géif hie sech net méi just dem Fridde verflicht fillen. Dat soll den Donald Trump dem norwegesche Premier geschriwwen hunn.

headphones

1 min

© EPA/Doug Mills / POOL
(Foto: EPA/Doug Mills / POOL)

A weider: datt d‘Welt net sécher wier, soulaang d‘USA net déi ganz a komplett Kontroll iwwer Grönland hätten, esou de Sender PBS an d‘Noriichtenagence Bloomberg.

Den norwegesche Premier huet enger Zeitung confirméiert, datt hien dem Trump säi Schreiwes krut. A widderholl, datt net d‘norwegesch Regierung mee den onofhängegen Nobelkommitee de Präis géif verginn.