arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Keen Accord iwwer de Budget, Premier Bart De Wever kéint Demissioun proposéieren

Belsch

|
headphones

1 min

Keen Accord iwwer de Budget, Premier Bart De Wever kéint Demissioun proposéieren

Wéinst deem Blockage kéint de Premier Bart De Wever vun der flämesch nationalistescher N-VA, dem Kinnek haut um Donneschdeg seng Demissioun proposéieren.

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Marten Ronneburg
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Marten Ronneburg)

D'lescht Woch hat de Regierungschef den anere véier Regierungsparteie vun der sougenannter Arizona Koalitioun een Ultimatum bis haut, Donneschdeg, ginn, fir sech iwwer geplangte Spuermesuren am Budget eens ze ginn. Ouni Accord géif hien haut bei de Kinnek goen, esou de Regierungschef.

E méigleche Récktrëtt huet de Bart De Wever net konkreet erwäänt. A belsche Medien heescht et awer, datt dat elo duerchaus eng Méiglechkeet wier. D‘Budgetsdiskussioune wieren op alle Fall nach ëmmer an enger Sakgaass, esou den ëffentlech-rechtleche belsche Sender RTBF.