Duerch d’Ofschafe vum Peage op der Musel tëschent Koblenz an Thionville soll déi kommerziell Schëfffaart méi kompetitiv ginn, hofft de Max Nilles vum Mobilitéitsministere.
„Well domadder fërdere mer ee Mode de transport, deen nach ëmmer dee proppersten ass pro Tonnekilometer.“
Ee Virdeel vum Waasserwee wier also déi besser ökologesch Bilanz a Saache Kuelendioxidemissiounen. Dofir wier och am EU-Green Deal festgehalen, datt bis 2025, 25 Prozent méi iwwer de Waasserwee soll goen. Bis 2050 souguer 50 Prozent.
Verzicht op 5 Milliounen Euro Recetten net vill
Nach bis Enn Juni 2025 bezuele grouss Schëffer, déi Wueren a Passagéier transportéieren, also de Peage op der Musel. Wann de Peage ofgeschaaft ass, verzichten déi dräi Staate pro Joer op ronn fënnef Milliounen Euro u Recetten. Lëtzebuerg verzicht op ronn eng Millioun dovun: Also op net ganz vill, confirméiert de Max Nilles vum Mobilitéitsministère.
„Et ass jo och esou, datt de Benefice fir d’Industrie eigentlech kloer ass. An dat war jo u sech och d’Zil fir do der Industrie ze hëllefe méi efficace kënnen ze transportéieren.“
Wichtegen Deel bei der Dekarboniséierung
1964 – also viru 60 Joer – gouf déi kanaliséiert Musel fir grouss Schëffer opgemaach. Dësen Transportwee wier haut nach ëmmer d’Réckgrat vun der nationaler Industrie, erkläert de Max Nilles.
Häfen a Waasserstroosse géifen deemno ee wichtegen Deel bei der Dekarboniséierung bäidroen. Och erneierbar Energie wäerten an Zukunft iwwer Schëffer transportéiert ginn.
Duerch d’Schleis zu Gréiwemaacher goufen d’lescht Joer 3,9 Milliounen Tonne Gidder transportéiert. Dat ware ronn 4,5 Milliounen Tonne manner wéi zéng Joer virdrun.