arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kee Fall bis elo zu Lëtzebuerg no Doudesfäll a Frankräich nom Konsum vu Puppelchersmëllech

ALVA

|
headphones

1 min

Kee Fall bis elo zu Lëtzebuerg no Doudesfäll a Frankräich nom Konsum vu Puppelchersmëllech

D‘Divisioun vun der Inspection sanitaire wier a Kontakt mam zoustännegen Europäeschen Zenter fir d‘Situatioun genee ze suivéieren. Wa Symtomer, wéi Iwwerginn an Duerchfall géifen optrieden, nodeems e Puppelche Mëllech gedronk huet, réit d'ALVA direkt bei den Dokter ze goen.

headphones

1 min

© picture alliance / dpa Themendienst | Christin Klose
(Foto: picture alliance / dpa Themendienst | Christin Klose)

D‘Liewensmëttelinspektioun ALVA lancéiert och eng Kontroll-Kampagne fir erauszefannen, ob déi toxesch Substanz eventuell och an anere Produite fir Bëbeeën ass.

Wann ee Froen huet, kann ee sech un d'Division de l'inspection sanitaire riichten. Informatiounen iwwer déi betraffe Mëllechproduiten fënnt een och um Site vun der Securité alimentaire.

Zënter dem 6. Januar sinn hei zu Lëtzebuerg 31 Kannermëllech-Produiten vu verschiddene Marken, dorënner Nestlé, Danone a Lactalis zréckgezu ginn, well se mam Gëftstoff Cereulid contaminéiert sinn.