Radioen

On air

Notturno  |  Field Music - Indeed It Is

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Katar wëll net méi tëschent der Hamas an Israel vermëttelen

Verhandlungen ouni Resultat

Katar wëll net méi tëschent der Hamas an Israel vermëttelen

De Katar ass net méi bereet tëscht der palästinenseschen Hamas an Israel ze vermëttelen. Dat no méintelaange Verhandlunge fir de Krich an der Gazasträif op een Enn ze bréngen.

auto_stories

1 min

© Paul Cowan / Bigstock
Foto: Paul Cowan / Bigstock

Den Hamas-Büro zu Doha misst deemno zougemaach ginn. Sou laang wéi béid Säite guer net gewëllt wieren, eng Léisung ze fannen, géif eng Mediatioun kee Sënn maachen. 

De Katar hat zesumme mat Ägypten an den USA ëmmer nees probéiert, béid Säiten un den Dësch ze kréien, mee bis elo gouf et absolut kee Resultat.