E Mann, deen der Justiz scho méi wéi eemol wéinst Viol a sexuellem Mëssbrauch vu Mannerjärege gemellt gouf. Et gouf awer näischt géint de Mann ënnerholl. An deem heite Fall haten Eltere sech un d’Police geriicht.
Mee och d’Schoul kéint eng Roll spille beim Detektéiere vu Kanner, déi Affer vu sexueller Gewalt sinn.
Psychesch, physesch a sexuell Gewalt dacks déi selwecht Symptomer
“Et gi ganz wéineg Indicateure fir ze soen: Dat Kand ass Affer vu sexueller Gewalt”, seet d’Florence Gerges, Psychologin an der Schouldirektioun zu Suessem.
Kanner, déi Affer vu psychescher oder physescher Gewalt sinn, géife ganz dacks déi selwecht Symptomer opweisen, wéi Affer vu sexuellem Mëssbrauch.
“Dat, wat ëmmer muss alarméieren, dat ass wann eng grouss Verännerung am Kand sengem Verhalen ass, a senger Attitüd, a wat och wierklech als ganz alarmant an deem Sënn ass, dat ass wann et sexuell opfälleg Verhalensweise sinn, wou mir soen, datt dat wierklech net méi an engem adaptéierte Kader ass.”
De Kanner e Raum gi fir sech matzedeelen
Wann d’Kand vu sech aus géif erzielen, géif een dat natierlech nach den Dag selwer weider un de Parquet ginn. Wann dat net de Fall ass, a sech éischter ee “Bauchgefill” beim Personal breet mécht, wéi d’Florence Gerges seet, da misst een den Dialog mat den Eltere sichen.
“Fir nozefroen, ob si eventuell Erklärungen hunn, wat d’Ursaach kéint si vun deem Mal-être beim Kand.”
Am wichtegste wier et awer, de Kanner esou dacks wéi méiglech de Raum ze gi fir sech matzedeelen.
“Dat ass wierklech ee vun deene grousse Schlësselen an der Detektioun. Et net eng Kéier bei engem Gespréich ze beloossen an ze soen: 'Nee, d’Kand huet gesot, et wier alles an der Rei', mee wierklech ëmmer nees d’Méiglechkeet ze ginn, fir sech matzedeelen.”
D'Notioun vum Consentement ass wichteg
Wat d’Kanner méi kleng sinn, wat d’Warscheinlechkeet, datt si sech spontan matdeelen, méi geréng ass, esou d’Florence Gerges.
Wéini ee Verhalen abusiv ass an iwwer d’Grenzen erausgeet, wier fir kleng Kanner ganz schwéier ze mierken. Dofir wier et wichteg, datt Kanner – natierlech altersgerecht an un d’maturité sexuelle vum Alter ugepasst – hiren eegene Kierper kenneléieren.
Och d’Notioun vum Consentement wier wichteg, esou d’Florence Gerges.
“Datt si wëssen, datt si d’Recht hunn, Grenzen ze setzen.”
Fir d’Florence Gerges wier géif beim Schoulpersonal ganz vill Opklärungsaarbecht gemaach ginn, an dat géif ee scho mierken.
Ufanks der Woch hat och de Procureur d’Etat David Lentz am 100,7-Interview schonn erkläert, datt et antëscht spezialiséiert Ekippe ginn, déi sech mat Verdachtsfäll op sexuelle Mëssbrauch a Gewalt géint Mannerjäreger befaassen.
Fir d'Associatioun La Voix des Survivant(e)s ass d'Justiz zu Lëtzebuerg awer nach ëmmer ze lues. An deem Kontext hu si een oppene Bréif un de Premier Luc Frieden geschriwwen. Ze vill Fäll géifen ouni Suitte klasséiert ginn, esou d'Associatioun.
Lauschtert hei dee ganzen Interview mat der Florence Gerges
Wann dir selwer oder eng Persoun an ärem Bekanntekrees Affer gouft vu Gewalt oder sexuellem Mëssbrauch, da ginn et eng ganz Rei Zerwisser un déi dir iech kënnt adresséieren. Ech géif op dëser Plaz de SCAS erwänen, vun deem mir scho geschwat hunn, de Service d’aide aux victimes vum Justizministère, an awer och d’Aktioun Bobby vun der Police, déi sech spezifesch u Kanner adresséiert, d’Telefonsnummer dovun ass den 123 21