Bis zur 86. Minutt louchen d’Belsch mat 0:2 géint de Senegal hannen. Dunn ass hinnen e Comeback gelongen.
Lukaku an Tielemans hunn an der 86., respektiv 89. Minutt zwee Goler geschoss, soudatt et an d’Verlängerung goung.
Do hu Les diables rouges an der 125. Minutt en Eelefmeter kritt, deen den Tielemans zum 3:2 notze konnt.
Historesch Victoire fir d'Three Lions
Eng aner Victoire no Réckstand ass den Englänner gelongen. D’Three Lions si fréi mat 0:1 géint déi Demokratesch Republik Kongo a Réckstand geroden.
Laang huet net villes zesummegepasst, éier keen anere wéi den Harry Kane d’Saach an d’Hand geholl huet, an an der Schlussphas nach zwee Goler geschoss huet.
Kaum ze gleewen, mee et ass zënter der WM-Finall 1966 déi éischte Kéier, datt England e WM-Match no Réckstand nach gewënnt.
Op d’Englänner waart an der Aachtelsfinall elo Mexiko am Atztekenstadion.
USA souverän - Rout Kaart dréckt déi gutt Stëmmung
Mat den USA ass dann och den drëtten Organisateur vun dëser WM eng Ronn weider. Trotz bal 30 Minutten an Iwwerzuel ass et de Bosnier net gelongen, richteg an de Match ze kommen, soudatt d’USA um Enn verdéngt mat 2:0 gewonnen hunn.
Eng Rout Kaart fir hire wuel beschte Stiermer, de Folarin Balogun - deen och ee Gol geschoss huet - dréckt allerdéngs déi gutt Stëmmung e bësschen.
D'USA treffen an der Aachtelsfinall elo op d’Belsch.