arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spuenien eliminéiert Portugal an der Nospillzäit - Belsch gewënnt kloer géint d'USA

Fussball-WM 2026

|
reading time

2 min

Spuenien eliminéiert Portugal an der Nospillzäit - Belsch gewënnt kloer géint d'USA

Op der Fussball-Weltmeeschterschaft sti mat Spuenien an der Belsch déi zwee nächst Véierelsfinaliste fest. Schluss ass domadder fir Portugal an de Co-Organisateur USA. Et wat iwwerdeems och dem Cristiano Ronaldo säi leschte WM-Match.

reading time

2 min

© EPA/SAM WASSON
(Foto: EPA/SAM WASSON)

Am ibeereschen Duell tëschent Spuenien a Portugal war et den Europameeschter, deen duerch den Oyarzabal déi éischt grouss Chance hat. Eleng virum Diogo Costa huet hien awer laanscht de Gol geschoss.

D’Portugisen haten hirersäits en ofgefälschte Schoss op d’Lat ze verzeechnen. Dat waren d’Héichpunkte vun der éischter Hallschent, an an der zweeter koumen net wierklech neier dobäi.

Cristiano Ronaldo: Leschte Match op der WM-Bün

Et waren d’Awiesselspiller, déi op spuenescher Säit dunn den Ënnerscheed gemaach hunn. De Ferran Torres stécht duerch op de Mikel Merino, deen an der 91. Minutt äiskal den 1:0 markéiert.

Dat war dann och d’Schlussresultat am leschte WM-Match vum Cristiano Ronaldo. Och fir den Trainer vu Portugal, de Roberto Martinez, war et de leschte Match. Hien hat scho virun der WM annoncéiert, datt dëst säi leschten Tournoi mat der Seleção wier.

Belsch ouni grouss Problemer géint enttäuschend Amerikaner

De leschten Optrëtt war et och fir d’USA, déi géint d’Belsch mat 1:4 de Kierzere gezunn hunn.

Offensiv ze harmlos an hanne mat graffe Feeler: dat resüméiert de Match aus US-Siicht. Profitéiert dovunner hunn zweemol de Charles de Ketelaere, souwéi de Vanaken an de Lukaku.

Domadder goufen all d’Co-Organisateuren an der Aachtelsfinall eliminéiert. Fir déi rout Däiwele geet et an der Véierelsfinall elo géint Spuenien.