D‘Terrororganisatioun Hamas exekutéiert d‘Männer aus dëse Banden a geheit hinne vir, mat Israel zesummegeschafft ze hunn, schreift den Deutschlandfunk.
Am Friddensaccord ass virgesinn, datt d‘Hamas desarméiert soll ginn a keng Roll méi an der Gazasträif huet. Dës Berichter entspriechen elo dem Géigendeel vun dësem Ofkommes. Den Donald Trump seet senger Säits, datt d‘Virgoe vun der Hamas hie guer net stéiere géif. Et géif sech ëm "ganz schlëmm Banden“ handelen, géint déi d‘Hamas duerchgräift.
De President vun derpPalästinensescher Autonomie-Autoritéit am Westjordanland verurteelt d'Virgoe vun der Hamas a fuerdert, datt d'Exekutiounen direkt gestoppt ginn.