arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kachrezepter vun der Widderstandskämpferin Hélène Hiertz an der Schoul nokachen

Educatioun

|
reading time

2 min

Kachrezepter vun der Widderstandskämpferin Hélène Hiertz an der Schoul nokachen

De Restaurant vun der Hélène Hiertz war deen éischten zu Lëtzebuerg, dee mat zwee Michelin-Stären ausgezeechent gouf. Wärend dem Zweete Weltkrich koum si an d'Konzentratiounslager Ravensbrück.

reading time

2 min

Tom Marson, Kathrin Mess | © Maurice Molitor
Tom Marson, Kathrin Mess (Foto: Maurice Molitor)

Grouss ginn an engem gastronomesche Betrib zu Kautebaach huet d'Hélène Hiertz, zesumme mat hiren Elteren, wärend dem Zweete Weltkrich Liewensmëttel organiséiert, als Päck verpak an ënner anerem vun Zich erofgehäit op Plazen, wou se gebraucht goufen. Dowéinst ass si vun den Nazien an d'Konzentratiounslager Ravensbrück deportéiert ginn, wéi d'Historikerin Kathrin Mess erkläert. 

D'Kathrin Mess beschäftegt sech zënter iwwer 20 Joer mat der Roll vun de Fraen am Widderstand am Zweete Weltkrich. 

Duerch Kachen d'Identitéit erhalen

Am KZ Ravensbrück, an dee just Fraen deportéiert goufen, huet d'Hélène Hiertz sech mat anere Fraen ausgetosch, iwwer Kachen an Zerwéieren a Liewensmëttel. Gemeinsam hätten d'Fraen an hirer Fantasie gekacht, erkläert d'Kathrin Mess. 

"Im Konzentrationslager, in dieser Mangelsituation, gab es quasi fast nichts zu essen, ausser eine dünne Wassersuppe mir undefinierbaren brauen Brocken, die da drin herumschwammen." 

Fir sech vun der bestialescher Realitéit am KZ ofzelenken a sech als Mënsch ze fillen, huet d'Hélène Hiertz Rezepter gesammelt. Den Austausch iwwer Iessen wier een Oprechterhale vun hirer eegener Identitéit, grad ewéi vun der Identitéit vun hirer Famill, esou d'Historikerin. 

Foto vun den handgeschriwwene Rezepter | © Maurice Molitor
Foto vun den handgeschriwwene Rezepter (Foto: Maurice Molitor)

No der Befreiung vum KZ huet d'Kächin déi Rezepter néiergeschriwwen. D'Historikerin Kathrin Mess ass amgaangen, mat deenen handgeschriwwenen Notizen een historescht Kachbuch ze schreiwen. 

Déi ginn haut am Lycée ENAD nogekacht, wéi den Tom Marson, Titulär vun der Kach-Optioun, erkläert. 

Lauschtert hei dat ganzt Gespréich mat der Historikerin Kathrin Mess a mam Tom Marson