D‘LSAP-Deputéiert huet nogefrot, ob d'Behaaptung géif stëmmen, datt d‘ITM a verschideen Fäll gezéckt hätt, fir bei der Uni ze intervenéieren. Als Grond dofir wier de Statut vun Etablissement Publique vun der Uni genannt hätt.
Den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz preziséiert a senger Äntwert, datt d‘ Personal op der Uni kontraktuell ënner dem Privatrecht agestallt wier, an dofir wier d‘ITM an der Flicht, Kontrollen an Interventiounen och op der Uni ze maachen.
D‘ITM wier dann och fir eng Interventioun bei der Uni saiséiert ginn. Weider Detailler dozou gëtt de Minister awer net, well den Dossier nach an der Behandlung wier.