Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Julian Assange ass offiziell e fräie Mann

Wikileaks

Julian Assange ass offiziell e fräie Mann

De Wikileaks-Grënner Julian Assange ass elo e fräie Mann. Säin Accord mat der amerikanescher Justiz gouf op engem US-Geriicht op de Marianeninselen am Pazifik formaliséiert. Den Assange huet do op engem Punkt schëlleg plaidéiert an evitéiert domat eng weider Prisongsstrof an den USA.

auto_stories

1 min

Julian Assange | © Wikileaks / X
Foto: WikiLeaks / X

De Julian Assange war gëschter no fënnef Joer aus engem Prisong zu London entlooss ginn. No der Geriichtssëtzung op de Marianeninselen huet säi Fliger deen amerikaneschen Territoire de Moie verlooss. De Julian Assange reest elo zeréck bei seng Famill an Australien.

Den Julian Assange war an den USA ugeklot ginn, nodeems Wikileaks Dausende geheim US-Militärdokumenter publizéiert hat.