2010 hat de Julian Assange geheim Militärdokumenter iwwert d’Kricher vun den USA an Afghanistan an am Irak verëffentlecht, déi Krichsverbrieche solle weisen. Fir net un d’USA ausgeliwwert ze ginn, war hien an der Botschaft vun Ecuador zu London an duerno an engem Héichsécherheetsprisong bei London.
Recht op fräi Meenungsäusserung?
Do huet de Julian Assange och erkläert, datt den deemolegen Direkter vum US-Auslandsgeheimdéngscht CIA Mike Pompeo eng Strof-Campagne lancéiert gehat hätt.
"Et ass elo ëffentlech, datt ënnert der expliziter Uweisung vum Pompeo, d’CIA Pläng hat mech ze kidnappen an ëmzebréngen, an der ecuadorianescher Ambassade zu London."
De Julian Assange huet dräi Méint no senger Fräiloossung och kritiséiert, datt nëmmen US-Bierger d’Recht op fräi Meenungsäusserung hätten. D’Rechter vu Journalisten an Europa wiere senger Meenung no seriö menacéiert. Journaliste sollten net verfollegt ginn, well si hir Aarbecht maachen. Journalismus wier ee Pilier vun enger fräier an informéierter Gesellschaft, sou de Julian Assange.
Lauschtert hei d'Ried vum Julian Assange
Politesche Prisonéier
Déi parlamentaresch Versammlung vum Europarot zu Stroossbuerg wäert sech um Mëttwoch mat engem neie Rapport iwwert de Fall vum Julian Assange beschäftegen. Och an dësem Bericht gëtt de Wikileaks-Grënner als “politesche Prisonéier” beschriwwen.
No engem Accord mat der US-Justiz war de Julian Assange am Juni fräi komm.