Den Joe Biden huet gëschter Walcampagne an zwee US-Staate gemaach. Den US-President probéiert den Ament, d'Wielerinnen a Wieler ze rassuréieren, datt hie mental a physesch fit genuch ass, fir bei de Presidentewalen am November géint den Donald Trump unzetrieden.
Nom Debakel beim éischten TV-Duell mam Donald Trump steet den Joe Biden awer weider ënner Drock. Bei den Demokraten hu weider Deputéiert sech deenen ugeschloss, déi fuerderen, datt den Joe Biden seng Presidentschafts-Kandidatur misst opginn.