D’Organisatioun Nihon Hidankyo besteet aus Zäitzeien an Iwwerliewender vun Hiroshima an Nagasaki 1945, och nach Hibakusha genannt. Si ginn ausgezeechent fir hir Efforte fir eng Welt ouni Atomwaffen, huet den norwegeschen Nobel-Kommitee zu Oslo erkläert.
Duerch hir Temoignagen a perséinlech Geschichte géing nach eng Kéier ganz kloer ginn, datt Atomwaffen ni méi dierften agesat ginn. Zanter bal 80 Joer wiere keng Atomwaffe méi a Kricher agesat ginn. Deen Tabu fir Atomwaffen anzesetze géing awer aktuell a Fro gestallt. Dat wier alarmant, esou den neie President vum norwegeschen Nobel-Kommitee, mat Uspillung op d‘Menacë vum russesche President Putin.
Virum Hannergrond vum Krich an der Gazasträif sot de Co-President vun der japanescher Organisatioun, datt d‘Situatioun am Gaza änlech wier, wéi déi a Japan virun 80 Joer.
Am Virfeld gouf vill spekuléiert u wien de Präis dëst Joer kéint goen. Zu de Favoritten hunn de Büro fir demokratesch Institutiounen a Mënscherechter gehéiert, d’Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa an den Internationale Geriichtshaff zu Den Haag. Mee och d’UN-Palästinenserhëllefswierk UNRWA an den UN-Generalsekretär Antonio Guterres hunn zu de Favoritte gehéiert.
D’lescht Joer goung de Präis un déi inhaftéiert iranesch Mënscherechtlerin Narges Mohammadi. De Friddensnobelpräis ass deen eenzege vun dem am Ganze fënnef Nobelpräisser, deen am norwegeschen Oslo iwwerreecht gëtt, an net an der schweedescher Haaptstad Stockholm. Firwat den Alfred Nobel dat esou a sengem Testament festgehalen huet, ass net bekannt.