Radioen

On air

Notturno  |  Midnight Star - Midas Touch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Japan bereet sech op e "Mega-Äerdbierwe" vir

Elo scho staark Biewen

Japan bereet sech op e "Mega-Äerdbierwe" vir

A Japan gëtt sech aktuell op ee gréissert Äerdbiewe preparéiert. Japanesch Fuerscher:innen erwaarden ee „Mega-Äerdbierwen“ virun der südlecher Küst vu Japan, dat honnertdausende Mënscheliewe fuerdere kéint.

auto_stories

1 min

2011 huet een Äerdbiewen een Tsunami ausgeléist. Nodeems koum et zu enger Nuklearkatastroph (Foto: picture alliance / NurPhoto | Seung-il Ryu)

Et ass déi éischte Kéier zanter dem Äerdbiewen 2011, datt d‘Autoritéiten esou eng Warnung erausginn. Deemools koum et zu engem Tsunami an enger Nuklearkatastroph.

De japanesche Premier Fumio Kishida huet Auslandsreesen, déi fir déi nächst Deeg geplangt waren, haut de Moien ofgesot.

Scho gëschter gouf et am Süde vu Japan zwee Äerdbiewe vun enger Stäerkt vun ongeféier 7 op der Richterskala.