Aner Clienten hu Problemer sech mat hirem Eboo Kont ze verbannen. Dëst hätt awer en anere Grond, nämlech datt d’Clientsdossieren aktualiséiert ginn. Dës Problemer wäerte soulaang bleiwe bis déi jeeweileg Dossiere regulariséiert ginn. Ëm d’Suen a Konte missten sech d’Clientë keng Suerge maachen, seet de Gabriel de la Bourdonnaye.
"À aucun moment la sécurité de nos systèmes n'a été compromise et aucune donnée, strictement aucune donnée des clients n'a été perdue. Tout ça c'est fait en conformité avec nos exigences en matière de sécurité et de protection des données des clients, mais également des fonds des clients."
Keng Donné wier verluer gaangen, huet den Direkter vu Post Finance nach eng Kéier betount.
"On est compréhensifs à la garde de la gêne que les clients ont pu subir en raison des virements instantanés sortant qui n'ont pas été disponibles ces derniers jours. Mais encore une fois, la fonctionnalité sera réactivée lundi."
Eng Rei Cliente vun der Post hate sech an de leschten Deeg ëffentlech iwwer Problemer mat hire Konte beschwéiert. D'Tageblatt hat als éischt doriwwer geschriwwen.