Den Chatbot kann awer keng Froen zu individuellen Dossieren beäntwerten, mee nëmmen zu allgemenge Froen wéi zum Beispill, wéi een en Extrait vum Casier judiciare ufreet, oder wat ee muss maache fir een Diplom unerkennen ze loossen.
Der Digitilisatiounsministesch no soll dës KI-Funktioun den Helpdesk vu Guichet.lu entlaaschten. Deen huet zejoert iwwer 42.000 Demanden traitéiert.
"Mandat numérique" fir anere Persounen Online Accès ze erlaben
Ausserdeem kann ee vun haut un op myguichet.lu ee “Mandat numérique” ufroen. Domat kënnen d'Benotzer enger anerer Persoun et erlaben, fir administrativ Demarchen an hirem Numm online ze maachen.
“Also de Mandant ka säi Mandat zu all Moment änneren an d'Lafzäit verkierzen oder engem dat Ganzt ewechhuelen. An och déi Persoun, déi am Fong, déi engem Aneren Hëllef gëtt, kann och zu all Moment den Zougang erëm ofginn."
All Aktioun, déi am Kader vun engem Mandat gemaach gëtt, géif transparent per E-Mail gemellt ginn, esou d'Ministesch.
Transparent Demarchen
De Mandant géif och zu all Zäit säin eegenen Zougang op de MyGuchet behalen, an de sougenannte E-Journal des mandats géif et och jidderzäit erlaaben ze kucken, wien den Ament Zougank zum privaten Espace op MyGuichet hätt.
"An et gëtt do och eng offiziell Preuve de mandat, mam GouvCheck-QR-Code kann een deen do eroflueden, fir am Fong dann ze weisen, wien do Zougang huet.”
Ausser an engem Fall vun enger Tutelle ass de Mandant awer nach ëmmer juristesch responsabel fir all d’Demarchen, déi a sengem Numm op MyGuichet.lu gemaach ginn, esou nach d’Digitilisatiounsministesch Stéphanie Obertin.
Dat soll virun allem Mënschen hëllefen, déi Schwieregkeete mam Digitalen hunn oder hir Demarchen net eleng wëllen oder kënne maachen.