Op Initiativ vum Emmanuel Macron kommen haut zu Paräis d'Regierungscheffe vu gewëssen europäesche Länner zesummen. Dorënner Frankräich, Däitschland, Groussbritannien Italien, Polen, Spuenien, Dänemark an Holland, esou wéi och de President vum europäesche Rot, d'EU-Kommissiounscheffin an den NATO-Generalsekretär.
USA wäerten eege Linn fueren
Bei dëser Aarbechtsvisitt soll et dorëm goen eng Strategie fir d'europäesch Partner ze fannen, mat Bléck op e méigleche Friddensdeal am russeschen Aggressiounskrich an der Ukrain. Den amerikanesche President Donald Trump sot de Sonndegowend, eng Renconter mam russesche President Wladimir Putin kéint scho ganz geschwë stattfannen.
D'USA hu sech an de leschten Deeg a Woche kloer vun Europa distanzéiert a wéineg Zweiwel doru gelooss, datt ee bei de Verhandlungen ëm eng Friddensléisung eng eege Linn wäert fueren.
Luc Frieden: Et hätt een zu op d'mannst 27 sollen zesummekommen
Datt bei der Aarbechtsreunioun zu Paräis awer virun allem déi grouss europäescht Länner zesummekommen, suergt och fir Kritik. Net ageluede gouf zum Beispill de Luc Frieden. De Lëtzebuerger Premier sot et wier besser, et géing een haut zu op d'mannst 27 zesummekommen. Grad elo misst ee vereent bleiwen.
Op franceinfo sot de franséischen Ausseminister Jean-Noel Barrot um Sonndeg awer mat Bléck op d'Reunioun, et misst ee sech dorëms keng Suerge maachen. De Barrot sot och, datt een an Hisiicht vun den amerikaneschen Ukënnegunge misst d'Rou behalen. D'Sécherheetsgarantie fir d'Ukrain géing vun Europa kommen, an dofir géing och kee Wee laanscht si féiere bei de Friddensverhandlungen.