Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iwwerschwemmungen an Äerdrutsch: Op d‘mannst 18 Mënschen ëm d‘Liewe komm

Bosnien-Herzegowina

Iwwerschwemmungen an Äerdrutsch: Op d‘mannst 18 Mënschen ëm d‘Liewe komm

A Bosnien-Herzegowina si bei Iwwerschwemmungen no staarken Donnerwiederen op d‘mannst 18 Mënschen ëm d‘Liewe komm. Eng Partie Leit géifen nach vermësst ginn, melle lokal Medien.

auto_stories

1 min

Foto: Wikimedia Commons

Besonnesch betraff wieren d‘Stied Jablanica a Kiseljak. Do sti vill Stroossen an Haiser ënner Waasser, Dausende Leit hu kee Stroum. Och aus Kroatien a Montenegro ginn Iwwerschwemmungen an Äerdrutscher wéinst staarkem Reen gemellt.