arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Enovos: Méi héich Stroum- a Gaspräisser hu keen direkten Effekt op d’Clienten

Krich am Noen Osten

|
headphones

1 min

headphones

5 min

play_arrow

Enovos: Méi héich Stroum- a Gaspräisser hu keen direkten Effekt op d’Clienten

De Krich am Noen Osten huet den Ament keen Effekt op d‘Gaspräisser a Lëtzebuerg. Dat huet de Generaldirekter vun Enovos Luxembourg, Erik von Scholz, am 100,7-Interview erkläert.

headphones

1 min

headphones

5 min

play_arrow
Erik von Scholz, CEO vun Enovos
Erik von Scholz, CEO vun Enovos

Dat hätt domat ze dinn, datt Energieversuerger mëttelfristeg an iwwer ee längeren Zäitraum akafen. Kuerzfristeg Ännerungen um Marché géife sech deemno net direkt op d‘Clienten auswierken.

Dowéinst wäert och de Stroumtarif wuel stabel bleiwen.

Een Deel vum Gas gëtt geholl fir Stroum ze produzéieren, esou den Erik von Scholz. 

„Auch da ist es stabiler, auch da kaufen wir mittelfristig ein. Sie können sich auch sicherlich erinnern (...), als die Preise wieder nach der Ukraine-Krise gefallen sind, konnten wir die Preise nicht sofort den Kunden durchgeben, weil wir eben mittelfristig einkauften. Und jetzt schlagen sich die Preiserhöhungen weder beim Strom noch beim Gas unmittelbar auf die Kunden durch. Das kommt mit Verzögerungseffekten.“

Och wann d‘Marchéspräisser déi nächst Méint nach héich géife bleiwen, géif sech dat net op de Client auswierken, huet de Generaldirekter vun Enovos Luxembourg Erik von Scholz erkläert.

play_arrow Lauschteren