De sougenannten Albanien-Modell vun der Meloni-Regierung hat u sech virgesinn, datt Asyldemandë vu Flüchtlingen an Albanie sollen ofgewéckelt ginn, nach ier d'Leit an Italien e Fouss op de Buedem setzen.
Et goufen deier Strukturen opgeriicht. Déi konnten ni funktionéiere wéi geplangt, well Geriichter zur Conclusioun komm sinn, datt d'Prozedur net legal ass.